Spezialsteier op zypriotesch Spuerkonten: Gutt Iddi?

An engem klengen europäeschen Land, mat enger grousser Finanzplaz, villen Banken an net wéineg Scholden, gouf elo decidéiert ganz einfach emol op de Spuerkonten eng Tax opzehiewen, fir déi Banken ze retten, an domatter dat ganzt Land Zypern. De mike mathias vun der Grénger Stëftung werft a senger seng Carte blanche e Bléck op d’Hannergrënn.

Dozou dem mike mathias seng Carte Blanche, déi den 20. März op RTL gesend gouf

__________________

 

Dëse Sonndeg gouf bekannt dat eisen Euro-Finanzministeren näischt besseres agefall ass ewéi eng Spezialsteier vun 8 bis 10 Prozent op alle zyprioteschen Spuerkonten fir mat dem Geld dann déi zypriotesch Banken ze stäipen. An direkt woren déi meescht Leit entsat, well dobäi och all déi kleng Spuerer betraff woren, déi séier wéineg Geld um Kont hunn op jiddefalls manner ewéi déi 100.000 Euro, déi jo eigentlech an allen Europäeschen Länner garantéiert sinn.

Op den zweeten Bléck ass déi Saach natierlech net esou einfach. Ëmmerhin rechnen d’Finanzministeren mat Recetten vun ronn 6 Milliarden Euro. Dat entsprécht engem Drëttel vum PIB vun Zypern. Mat aner Wierder, Zypern ass en Steierparadäis, dat, wéi och aner kleng Länner an Europa vun räiche Leit genotzt, gëtt fir op hirem Geld manner Steieren ze bezuelen. Zypriotesch Banken hunn also ganz vill Spuerkonten wou net déi kleng Leit aus Zypern abezuelen, mä beispillsweis ganz räich Russen. Déi iergendwéi un der Rettung vun der Bank ze bedeelegen ass net falsch, net well dat räich Russen wieren, mä well se tatsächlech och eng Verantwortung fir den desolaten Zoustand vun de Zyprioteschen Banken droen.

An trotzdem, wéi konnten d’Euro-Finanzministeren nëmmen dës Decisioun huelen? All Mënsch an Europa mécht sech mëttlerweil Gedanken iwwert den sozialen Ausgläich. Mer wëssen wéi wichteg dat et ass, dat mer besonnesch Rücksicht huelen op déi Leit mat den niddregen Akommen. Net nëmmen well et sozial gerecht ass, mä och well et ökonomesch immens richteg a wichteg ass, deene Leit déi schonns keen Kuch hunn net och nach d’Schmier ewech ze huelen. Eis Finanzministeren schéngen net verstanen ze hunn, dat och si fir d’éischt no de Leit musse kucken ier se Banken retten. Et dierf net sinn, dat déi kleng fir d’Dommheeten vun de Grousse bezuelen.

An dann verstinn ech net, wéi se konnten higoen an och déi Konten besteieren, wou manner Geld drop leit ewéi eigentlech vun der Garantie ofgeséchert sinn. Sécherlech ass et richteg, dat dëst eng Steier ass a reng technokratesch gesinn näischt mat der Garantie ze dinn huet. Mä eis Finanzministeren sinn dach och Politiker. Si hätte misse wëssen, dass dat absolut Wäertvollst, wat mer elo an der Euro-Zone nach hunn, dass dat d’Vertrauen vun de Leit an hir Währung ass, an an déi Banken, déi hir Konten geréieren. Grad dat ass awer elo op d’Spill gesat. Dat ass mam Steen op d’Méck geschoss, déi op der Fënster sëtzt. Bravo! Domatter hunn d’Euro-Finanzministeren sécher keen Nobelpräis gewonnen.

Zu gudder Lescht, erënnert eis des Affaire awer och drun, dat mer an Europa nach ëmmer keng gescheit Regulatioun vun der Finanzindustrie hunn zemols am Beräich vun der Versécherung vun de Spuerfongen. Bei enger Versécherung ass et jo normalerweis esou, datt wann een mat sengem Vollkasko-Auto bäi geet, dann huet d’Assurance genuch Suen op der Säit fir déi betraffe Leit ze entschiedegen. Si geet esouguer hin a kuckt sech virdrun den Auto un an de Chauffeur. Leit mat méi héijem Risiko mussen dann och méi fir Versécherung bezuelen.

Eppes ähnleches fir d’Finanzindustrie gëtt am Moment an der EU zwar ugeduet: d’Kommissioun schafft jo un der sougenannter Banken-Unioun. Awer mer sinn och 5 Joer nom Ufank vun der Bankekris nach wäit vun enger gescheiter Regulatioun ewech. An eréischt wa mer déi bis hunn, da brauche mer eis ëm faul Banken net méi vill Suergen ze maachen. Mä wann eis Finanzministeren esou weiderfueren wäert dat nach daueren.

This entry was posted in Blog by mmathias. Bookmark the permalink.

About mmathias

Socio-économiste de formation, mike mathias a passé 20 ans dans le travail politique des associations de solidarité internationale. Aujourd'hui il travaille pour le député vert européen Claude Turmes et suit plus particulièrement les thématiques socio-économiques au Luxembourg. Son objectif: réussir la transition d'un pays dont le développement récent est parmi les plus non-durables du monde.

Comments are closed.