1,3 Milliarden Defizit sinn net esou einfach ze stoppen

D’Freedefeier vun der läschte Woch ass erläscht, an elo musse mer eis erëm op déi Aufgab konzentréieren, déi den Premier eis virginn huet: spueren spueren spueren.

Dozou dem mike mathias seng Carte blanche vum 22ten Oktober op RTL.

_______________________

De leschte Donneschden war den internationalen Dag vun der Aarmut an direkt den Dag drop den Dag vun der Hochzäit. An elo, nom WE, kommen mer erëm bäi déi aner Themen déi eist Land wierklech beschäftegen. Zum Beispill déi 1,3 Milliarden Defizit am Staatsbudget, wou eisen Staatsminister a fréieren Finanzchef sech keen Rot méi weess. Ech fäerten dat en och net vill méi schlau gëtt, wann en elo all déi Proposen studéiert, déi d’Vollék him eraschéckt. Zwar wëll jiddereen spueren awer am Beschten bei deenen aneren.

1,3 Milliarden Euro méi Ausgaben ewéi Einnamen sinn net esou einfach erëm anzespueren. Dat sinn ëmmerhin méi ewéi 10% vum Budget an och 3% vum PIB. Dorënner kann een sech natierlech Méindes moies net vill virstellen. Dofir kënnt der déi komplizéiert Rechnung, déi ech elo maachen och gären um Site vun Rtl noliesen.

Huele mer un, mer géifen iwwert déi nächst dräi Joer, also bis Enn 2015 de Budget an den Equiliber bréngen. Dann misst den Staat all Joer 1% vum PIB aspueren, dat bedeit all Joer 1,7% Rezessioun. Jo richteg, d’Rezessioun gëtt méi staark ewéi d’Erspuernisser, well et gëtt do en „effet multiplicateur“ bei staatlechen Spuermoossnamen. Iwwert déi dräi Joer heescht dat 5,1 % Rezessioun.

5% Rezessioun bedeit awer och en zolitten Impakt op d’Aarbechtsplazen, vläit keng 5%, awer sécher 3%. Wann de Staat einfach säin Defizit ewech spueren geet, wäerten vun den 378.900 Leit déi am Land schaffen, ronn 11.000 hir Plaz verléieren, dovunner e gudden Deel Frontalieren.

Ier mer also elo ufänken dem Noper dat Schwaarzt ënnert de Fangerneel net méi ze gënnen, an eisem Premier e puer fatzeg Spuermoossnamen proposéieren, sollte mer eis eens sinn iwwert d’Konsequenzen.

Eise Staatsbudget besteet zum gréissten Deel aus Sozialtransferen, wa mer do spuere ginn, da gëtt et manner Chômagegeld, manner RMG, manner Remboursement fir krank Leit asw. Engersäits ass do net vill ze huelen, anersäits hätten déi Moossnamen en dramateschen Impakt op déi sozial Schieflaag am Land.

En aneren grousse Block sinn d’Investissementer, wann een doranner spueren geet ass den Impakt op d’Aarbecht méi grouss, well et sinn an der Regel arbechtsintensiv Investissementer. Dat ass ass also keng Léisung.

Et ass awer och keng Léisung den Defizit einfach esou weider lafen ze loossen an ze mengen iergendwann, iergendwéi kéim alles erëm an d’Rei.

An dat ass och net néideg, well et gëtt am Budget och nach eng aner Säit, dat ass déi vun den Recetten. An engem rezenten Rapport huet de Weltwährungsfond, deen net bekannt ass fir eng besonnesch sozial Oder, Spuermoossnamen vun 48 Länner analyséiert a kennt zur Conclusioun, dat geziilten Steiererhéijungen de bessere Wee sinn fir Defiziter ze reduzéieren. Duerch Steiererhéijungen entsteet manner sozial Ongerechtegkeet, ewéi duerch Spuermoossnamen. De Staat kritt Geld fir déi néideg Investissementer an d’Zukunft vum Land ze maachen an grad an wirtschaftlech schwieregen Zäiten brauchen dann net déi sozial Budgeten gekierzt ze ginn.

Steiererhéijungen mussen dofir sozial gerecht sinn, also d’Progressivitéit vum Steiersystem stäerken, si sollten d’Aarbecht net méi deier maachen, mä virun allem um Ressourceverbrauch an um Kapital erhuewen ginn an natierlech mussen d’Lächer gestoppt ginn duerch déi sech Steieren hannerzéien loossen.

Eis Regierung huet virun 12 Joer zwou gewalteg Steierreformen gemat, wouduerch d’Leit an d’Betriber massiv u Steieren agespuert hunn, ronn 750 Milliounen Euro am Joër. Haut musse mer gesinn, dat och eise Staatsbudget net méi funktionéiert, wann, wéi ëmmer behaapt gëtt, 40% vun de Leit an 80% vun de Betriber keng direkt Steieren bezuelen,

Här Premier, affaire à suivre!

This entry was posted in Blog by mmathias. Bookmark the permalink.

About mmathias

Socio-économiste de formation, mike mathias a passé 20 ans dans le travail politique des associations de solidarité internationale. Aujourd'hui il travaille pour le député vert européen Claude Turmes et suit plus particulièrement les thématiques socio-économiques au Luxembourg. Son objectif: réussir la transition d'un pays dont le développement récent est parmi les plus non-durables du monde.

One thought on “1,3 Milliarden Defizit sinn net esou einfach ze stoppen

  1. Pingback: 1,3 Milliarden Defizit sinn net esou einfach ze stoppen | billet vert | François Bausch